An der Haaptkategorie beschte Filmdrama huet "Nomadland" de Golden Globe gewonnen. Och de Komiker Sacha Baron Cohen kann sech iwwert ee Globe freeën.

Duebele Succès fir de brittesche Schauspiller Sacha Baron Cohen: seng Satire "Borat Subsequent Moviefilm" ass bei der Golden Globes Zeremonie als bescht Filmkomedie ausgezeechent ginn. De Sacha Baron Cohem selwer gouf och fir seng Roll am Film als beschte Schauspiller an enger Komedie ausgezeechent. An der Kategorie bescht Filmkomedie waren och d'Filmer "Hamilton", "Music", "Palm Springs" a "The Prom" nominéiert.

Och de verstuerwene Schauspiller Chadwick Boseman ass posthum ausgezeechent ginn. Dat fir seng lescht Roll am Museksfilm „Ma Raineys‘ Black Bottom“. Hie gouf als beschten Haaptacteur an engem Drama ausgezeechent. Doranner spillt hien ee sturren Jazz-Trompeter an den 20er Joren zu Chicago.

Och déi beléifte Serie „The Crown” gouf als bescht Drama-Serie ausgezeechent an an der Haaptkategorie beschte Filmdrama huet "Nomadland" de Golden Globe gewonnen.

Déi zwou Lëtzebuerger Co-Produktiounen déi nominéiert waren als beschten Animatiouns- respektiv friemsproochege Film ("Wolfwalkers" + "Deux") konnten sech net duerchsetzen.