De fréiere franséische President ass schëlleg en héije Beamte bestach ze hunn.

E Paräisser Geriicht huet de fréiere franséische President, Nicolas Sarkozy, e Méinden zu enger Prisongsstrof vun 3 Joer - dovunner 2 op Sursis - verurteelt. D'Geriicht ass zur Konklusioun komm, dass de Sarkozy schëlleg wier en héije Beamte bestach ze hunn.