Am Kader vun enger Kontroll op der Escher Gare hat d'Police de Samschdeg e presuméierten Dealer festgeholl.

De Samschden Owend hat d'Police op der Gare zu Esch-Uelzecht eng Kontroll duerchgefouert. Dobäi haten d'Beamte gesinn ewéi eng Persoun enger anerer Droge ginn hat. D'Beamten haten de presuméierten Dealer doropshi gestallt an dësen op Uerder vum Parquet festgeholl. De Mann koum virun den Untersuchungsriichter.