An engem Communiqué huet d'ASBL "Don't Forget US" eng Partie Kriticken un den Upassunge vun de staatlechen Hëllefe fir d'Betriber geäussert.

An engem Communiqué kritiséiert d'ASBL "Don't Forget Us" d'Upassunge vun de staatlechen Hëllefe fir d'Betriber. Allem virop kritiséiert d'ASBL aus der Horesca, d'Decisioun d'Hëllefe fir net gedeckte Käschten net réckwierkend vum Mäerz zejoert un auszebezuelen. Dem Mëttelstandsminister Lex Delles säin Argument, dass d'Hëllefen aus dem Fonds de Relance fir d'Käschten aus der Period virum November zejoert opkomme géifen, léisst d'ASBL net gëllen. Dës hätten nëmmen zënter Juni zejoert kënnen ugefrot ginn. Allerdéngs hätten d'Caféen an d'Restauranten hir Diere schonn am Mäerz zejoert zoumaache missen.

Weider heescht et am Communiqué, dass d'Erhéijung vun den Hëllefen, fir d'net gedeckte Käschte weise géif, dass d'Betriber méi finanziell Ënnerstëtzung brauche géifen wéi d'Regierung ufanks geduecht hätt. Der ASBL no, kéint een nämlech net dovunner ausgoen, dass déi fix Käschte vun de Betriber am Februar dëst Joer op ee mol geklomme wieren. Vill méi, wier et esou dass d'Regierung bemierkt hätt, dass déi verschidden Hëllefen net héich genuch gewiescht wieren.

Den Affekot vun der ASBL, de Maître Fränk Rollinger, ass schliisslech och op déi net remboursabel Hëllefen, fir Mikroentreprisen an d'Entreprisë mat 10 bis 20 Ugestallten ze schwätze komm. Dës waren am Mäerz an am Abrëll zejoert agefouert ginn. Am Kader vun dësen Hëllefen hätten d'Mikroentreprisen zwou Hëllefe vu maximal jeeweils 5.000 € an d'Entreprisen an deenen 10 bis 20 Leit schaffen eng Hëllef vu maximal 12.500 € zegutt gehat. Ma wann d'Hëllefe fir net gedeckte Käschte réckwierkend op de Mäerz zejoert ausbezuelt géife ginn, kéinten des Betriber fir de selwechten Zäitraum Hëllefen an der Héicht vun insgesamt 90.000, respektiv 450.000 € kréien.