An der Moyenne hunn d'Fraen zu Lëtzebuerg méi héich Diplomer ewéi d'Männer. Trotzdeem verdéngen si manner Suen.

Um Lëtzebuerger Aarbechtsmarché ginn et nach ëmmer eng Partie Ënnerscheeder tëscht Männer a Fraen. Dat deelt de Statec e Méinden an engem Communiqué mat. Esou sinn nëmmen 38 Prozent vun de Persounen, déi zu Lëtzebuerg eng bezuelten Aarbecht ausüben, Fraen.

D'Frae schaffen hei am Land zum Groussdeel op Bürosplazen. Dëst ass dem Statec no fir 4 vu 5 Fraen de Fall. Ausserdeem hu méi Fraen ewéi Männer en Ofschloss vun enger Universitéit. Wärend 44 Prozent vun de Fraen en Universitéitsdiplom hunn, ass dat nëmme bei 35 Prozent vun de Männer, déi zu Lëtzebuerg schaffen, de Fall.

An der Moyenne verdéngen d'Fraen allerdéngs nach ëmmer manner ewéi d'Männer. Just bei de Persounen, déi manner ewéi 40 Joer al sinn, ass déi duerchschnëttlech Paie vun de Frae méi héich ewéi déi vun de Männer.