Nach ass wéineg iwwert déi nei Mutatioun gewosst. Fuerscher warnen net ze panikéieren mee weiderhi virsiichteg ze sinn.

An den USA observéiere Fuerscher eng nei Variant vum Coronavirus. Fuerscher vun der Columbia Universitéit hu bei der sou genannter New Yorker Mutatioun Eegeschaften entdeckt, déi dofir suerge kéinten, dass sech de Virus méi séier um Kierper festsetzt, oder sech méi séier verbreede kéint. Wéi eng konkret Suitten d’Mutatioun huet, wëllen d’Fuerscher elo méi genee ënnersichen. Si ruffen dozou op virsiichteg ze bleiwen.