© APA/AFP/HELMUT FOHRINGER
Enn Mäerz soll d’Gastronomie hir Bausse-Beräicher ënner Konditiounen nees opmaachen dierfen.
Éisträich wëll trotz den héijen Infektiounszuelen d’Corona-Schutzmesure weider lackeren.
Vum 27. Mäerz u soll d’Gastronomie hir Bausse-Beräicher nees opmaachen dierfen, dat ënner Mesurë wéi Corona-Tester an Ofstand halen. Och fir Kultur an Tourismus soll et Ouvertures-Perspektive ginn.
Éisträich wëll awer op regional Strategië setzen. Wéi staark gelackert gëtt, soll vum Infektiouns-Geschéien an der Regioun ofhänken, esou de Kanzler Sebastian Kurz e Méindeg virun der Press.