Ee Geriicht hat de Sarkozy e Méindeg zu enger Prisongsstrof vun 3 Joer verurteelt, 2 Joer dovunner op Sursis. De Sarkozy geet an Appell.

De fréiere franséische President Nicolas Sarkozy huet no senger Verurteelung zu enger Prisongsstrof ugekënnegt an Appell ze goen.

Ee Geriicht hat de Sarkozy e Méindeg zu enger Prisongsstrof vun 3 Joer verurteelt, 2 Joer dovunner op Sursis. Dat lescht Joer soll de 66-Järegen ënner elektronescher Iwwerwaachung am Hausarrest bleiwen.

D’Geriicht huet dem Sarkozy Korruptioun virgeheit. Hie soll een héije Justizbeamte bestach hunn, fir Informatiounen iwwer intern Ermëttlungen iwwert hien ze kréien.