D'Lescht Woch goufen 360 Kontrolle gemaach. 250 Leit kruten e Protokoll well se géint d'Mesure verstouss hunn, a 60% vun de Fäll war et d'Ausgangssspär.

Wärend der leschter Woch huet d'Police wéi all Woch kontrolléiert, ob een sech un déi gesetzlech Corona-Mesuren hält. Et goufe ronn 360 Kontrolle gemaach. D'Reegele betreffen d'Ausgangsspär (ronn 160 Kontrollen), Mënschenusammlungen wéi och d'Anhale vun de sanitäre Konzepter an Akafszentere stoungen dobäi am Fokus vun de Kontrollen.

Sou kruten am genannten Zäitraum ronn 250 Persounen ee Protokoll, a 60 Prozent vun de Fäll hate Persounen sech net un d'Ausgangsspär tëscht 23h00 a 06h00 gehalen.

An engem vun dëse Fäll krut d'Police den 28. Februar kuerz no 22h00 eng Mënschenusammlung an enger Wunneng zu Klierf gemellt. Wéi sech erausgestallt huet, waren do 7 Persounen op der Plaz, déi sech net un d'Reegele gehalen hunn. Si kruten ee Protokoll.
 
An engem weidere Fall goufen der Police de 27. Februar kuerz no 15h00 e puer Persoune gemellt, déi sech op enger Wiss um Stauséi zu Esch-Sauer opgehalen hunn an do gegrillt hunn. 15 Persoune kruten ee Protokoll.

Do dernieft hunn d'Beamten a 25 Fäll ee Protokoll respektiv ee Rapport wéinst Net-Anhale vun de sanitäre Virschrëften un déi zoustänneg Autoritéite schécken.