E Méindeg den Owend gouf ee jonke Mann am Gronn vun zwee Männer iwwerfall a beklaut.

E Méindeg den Owend ass ee jonke Mann am Bisserwee am Gronn iwwerfall ginn. Wéi d'Police schreift, gouf de Mann kuerz no 18h00 vun zwee Onbekannten attackéiert a beklaut. D'Täter hunn d'Affer geschloen a seng Täschen duerchsicht. Si hunn him de Porte-Monni geklaut a si geflücht.

Bei den zwee Täter handelt et sech ëm Männer mat donkeler Hautfaarf.

Täter 1: ca. 180cm grouss, wäiss/groen Jogging, blo Mask, donkelbronge Sonnebrëll.

Täter 2: ca. 165 cm grouss, rout Trainingsjacket mat Kaputz, rout/gro Trainingsbox, blo Mask, Dreadlocks.

Wien eppes matkrut, soll sech um 113 mellen.