E Mann, dee Cannabis bei sech hat, war mat enger elektrescher Trottinett an e Polizist gerannt.

E Méinden am Nomëtte war de Beamte vun der Police e Grupp vu Jugendlechen an der Avenue de la Liberté zu Déifferdeng opgefall. E puer vun dësen haten an der Ëffentlechkeet Alkohol gedronk. Wéi d'Beamten déi Jugendlech doropshi kontrolléiert hunn, gouf ee vun de Beamte vun engem jonke Mann op enger elektrescher Trottinett ugestouss. Esouwuel de Beamten ewéi och de Mann waren no der Kollisioun op de Buedem gefall. De Mann war no der Kollisioun zu Fouss fortgelaf. D'Beamte konnten hien awer no kuerzer Zäit nees anhuelen. Wärend der Flucht hat de Mann e puer Tute mat Cannabis fort gehäit. D'Droge goufe séchergestallt an de Mann protokolléiert.