© Sécurité Alimentaire
An der Zoossiss vun der Mark ''Délifin'' kéinte Salmonellen enthale sinn.
Wéi d'Sécurité Alimentaire en Dënschdeg an engem Communiqué matdeelt, gëtt d'Zoossiss vun der Mark ''Délifin'' an den 150-Gramm-Verpackungen zeréckgeruff. An de Päck mat den Oflafdatumer vum 14. Mäerz 2021 a vum 17 Mäerz 2021 kéinte Salmonellen enthale sinn.
Déi betraffe Päck goufen zu Lëtzebuerg am Aldi verkaf.