5 Verdächteger goufen am Kader vun enger Razzia festgeholl.

Am Kader vun enger Razzia huet déi Berliner Police en Dënschdeg 5 Verdächteger festgeholl. Si kréie virgeworf en illegale Liwwerdéngscht fir Kokain an aner Droge bedriwwen ze hunn. De fir Berlin zoustännege Procureur huet op Twitter vu "Kokstaxien" geschwat.

Am Kader vun der Razzia goufen am Ganze 14 Wunnengen duerchsicht. Dobäi hunn d'Beamte knapp 3 Kilogramm Kokain, ronn 8 Kilogramm Cannabis, eng Partie Waffen a 47.000 Euro Boergeld séchergestallt.