D'EMA entscheet den 11. Mäerz iwwert de Vaccin vun Johnson & Johnson. An den USA ass de Vaccin schonn zougelooss.

Den 11. Mäerz wëll déi europäesch Medikamenten-Agence EMA iwwert d'Zouloossung vum Corona-Impfstoff vum US-Produzent Johnson & Johnson entscheeden. Dat huet d'EMA no enger Sëtzung op Twitter erkläert.

Ursprénglech wollt sech d'EMA eréischt Mëtt Mäerz zum Vaccin äusseren. Et wier de véierten EU-wäit zougeloossenen Impfstoff géint de Coronavirus. Bis ewell sinn d'Mëttel vu Pfizer/Biontech, Moderna an AstraZeneca zougelooss.

Am Ënnerscheed zu dëse brauch den Impfstoff vun Johnson & Johnson nëmmen eng Dosis. Do dernieft gëllt seng Lagerung als méi einfach.