Der Weltgesondheets-Organisatioun no gouf et no 6 Woche Réckgang an der leschter Februarwoch eng Hausse vun den Infektioune vu 7 Prozent.

Weltwäit ginn ëmmer méi Corona-Infektioune registréiert. Der Weltgesondheets-Organisatioun no gouf et no 6 Woche Réckgang an der leschter Februarwoch eng Hausse vun den Infektioune vu 7 Prozent.

Besonnesch grouss war d’Zounam am Noen Osten, duerno komme Südost-Asien an Europa. Als méiglech Grënn fir d’Ausbreedung nennt d’WHO déi méi ustiechend Virus-Varianten, méi labber Corona-Mesuren an d'Corona-Middegkeet.