Ausserdeem mussen all d’Schoulen an Héichrisiko-Gebidder zoumaachen.

Italien verlängert wéinst der Hausse vun de Corona-Infektiounen zentral Corona-Beschränkungen ëm ee Mount bis no Ouschteren. Dat huet en Dënschdeg den italienesche Gesondheetsminister annoncéiert.

Dozou gehéieren och d’Rees-Spären am Land. Ausserdeem mussen all d’Schoulen an Héichrisiko-Gebidder zoumaachen.

Domat ass et bis de 6. Abrëll verbueden iwwert d’Grenzen tëscht den 20 italienesche Regiounen ze fueren. Ausname ginn et fir d’Aarbecht a fir Noutfäll.

Verlängert gëtt och d'Ausgangsspär. Bis no Ouschteren dierfen d'Mënsche vun 22h00 bis 05h00 d'Haus weiderhin nëmmen aus dréngende Grënn verloossen.

Een Hoffnungssignal setzt d'Regierung fir de Kulturberäich. Nach virum 27. Mäerz sollen Theateren a Kinoen nees opmaachen dierfen. Tickets mussen dann online bestallt ginn, d'Ofstandreegelen an den Theater- a Kinossäll mussen agehale ginn.