Zu Béiwen steet den Daachstull vun engem Bauerenhaus a Flamen

Kuerz no 08h00 e Mëttwoch de Moie krut den 112 Feier am Berelerwee zu Béiwe gemellt. Wéi d'Pompjeeën op d'Plaz koumen, hunn si festgestallt, dass de ganzen Daachstull vun engem Bauerenhaus a Flame stoung. Well d'Bewunnerin sech schonns a Sécherheet bruecht hat, konnten d'Pompjeeën sech dorop konzentréieren d'Ausbreedung vum Feier ze verhënneren. D'Läschaarbechten daueren den Ament nach un. Eng 50 Pompjeeë sinn hei am Asaz.

RTL

© CGDIS

RTL

© CGDIS

RTL

© CGDIS

RTL

© CGDIS

RTL

© CGDIS

RTL

© CGDIS