Zu Breidfeld war eng gréisser Quantitéit Diesel an eng Baach gelaf.

An der Nuecht vum 19. op den 20. Februar, war zu Breidfeld an der "Duarrefstrooss" eng gréisser Quantitéit Diesel an d'Wemperbaach gelaf. An dësem Zesummenhang sicht d'Police den Ament no Zeien, déi an dësem Zäitraum verdächteg Persounen an der Géigend vun der Baach gesinn hunn. Wien eppes gesinn huet, ass gebieden
sech beim Policekommissariat vun Ëlwen ze mellen. Dëst ënnert der Telefonsnummer (+352) 244871000.