Wéi all Woch huet de Gesondheetsministère de Bilan vun den Infektioune mam Coronavirus verëffentlecht.

D'Zuel vun de Persounen déi lescht Woch zu Lëtzebuerg positiv op de Coronavirus getest goufen ass géigeniwwer der Woch virdru geklommen. Dëst vun 1.249 op 1.313. D'Zuel vun de PCR-Tester déi d'lescht Woch gemaach goufen, war mat 64.276 allerdéngs och méi héich ewéi an der Woch virdrun. Do waren et der nach 60.717.

Den 28. Februar goufen 2.822 aktiv Infektioune mam Coronavirus hei am Land registréiert. Dëst géigeniwwer 2.697 den 21. Februar. D'Zuel vun den aktiven Infektioune geet also an d'Luucht. D'Zuel vun de geheelte Persounen ass iwwerdeems vu 50.842 op 52.019 geklommen. Am Laf vun der leschter Woch sinn 12 Persounen um Covid-19 gestuerwen. Hir Altersmoyenne louch bei 82 Joer.

Tëscht dem 22. an dem 28. Februar ware 86 Persoune wéinst dem Covid-19 hospitaliséiert, dovunner 18 op enger Intensivstatioun. Déi Woch virdru waren et der 74, respektiv 15. D'Consultatiouns-Zenteren um Kierchbierg an zu Esch hunn d'lescht Woch insgesamt 401 Visiteure gezielt. Iwwerdeems hunn sech d'Lescht Woch 2.649 Persounen an Isolatioun an 2.991 a Quarantaine befonnt. Géigeniwwer der Woch virdru stellt dëst eng Hausse vu 5, respektiv 9 Prozent duer.

De Reproduktiounstaux vum Virus louch d'lescht Woch bei 0,95 Prozent an ass domadder géigeniwwer der Woch virdru liicht gefall. Do louch en nach bei 1,04 Prozent. Den Taux vun de positiven Tester louch op déi ganz lescht Woch gekuckt an der Moyenne bei 2,04 Prozent. Déi Woch virdru louch dëse bei 2,06 Prozent. Den Taux vun de positiven Tester ass domadder relativ stabel bliwwen. Iwwerdeems läit den Taux vun de positiven Tester, déi op Ordonnance gemaach goufe weiderhi bei iwwer 5 Prozent. Op déi ganz lescht Woch gekuckt ware 5,43 Prozent vun dësen Tester positiv.

Iwwerdeems ass et nach ëmmer de Fall, dass déi meeschte Leit sech an der Famill ustiechen. Dat war bei 48,8 Prozent vun de Persounen déi d'lescht Woch positiv op de Coronavirus getest goufen de Fall.

Iwwerdeems goufe 6,72 Prozent vun den Tester déi, d'lescht Woch gemaach goufen op Mutatioune vum Virus ënnersicht. An 52 Prozent dovunner gouf déi brittesch an an 22,7 Prozent gouf déi südafrikanesch Variant nogewisen.