Am Kader vun enger Kontroll haten d'Beamten eng Persoun, déi no Haschisch geroch hat, méi genee kontrolléiert.

En Dënschdeg am Nomëtten hate Beamte vun der Police zu Esch-Uelzecht an der Brillstrooss eng Persounekontroll duerchgefouert. Dobäi hunn d'Beamten eng Persoun déi no Haschisch geroch huet méi genee iwwerpréift. Dobäi hunn d'Beamte ronn en hallwe Kilogramm Haschisch, Drogenutensilien, eng gréisser Zomm Boergeld an e puer Handye séchergestallt. D'Persoun gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Mëttwoch virun den Untersuchungsriichter.