No engem Sickerbrand an enger Biogasanlag war bei Uewerkolpech eng grouss Quantitéit Ofwaasser an d'Atert gefloss.

En Dënschdeg am Virmëtten, war et an enger Biogasanlag zu Grendel an der Géigend vun der Lëtzebuerger Grenz an der Belsch zu engem Sickerbrand komm. Dobäi war eng grouss Quantitéit Ofwaasser bei Uewerkolpech an d'Atert gefloss. De CGDIS, de Policehelikopter an d'Waasserwirtschaftsamt waren op der Plaz an hu Waasser- a Buedemprouwe geholl. De Service Technique vun der Police Speciale aus dem Norden hat e Bericht vun der Situatioun geschriwwen.

RTL

© Police Lëtzebuerg