No enger Messerattack an der schwedescher Stad Vetlanda , ermëttelt déi schwedesch Police e wéinst engem méiglechen terroristeschen Hannergrond.

En 22 Joer ale Mann aus dem Afghanistan hat e Mëttwoch am Nomëtten op 5 verschiddene Plazen an der schwedescher Stad Vetlanda Leit mat engem Messer attackéiert a 7 Persoune blesséiert. 3 vun hinne schwiewen den Ament a Liewensgefor. Enger Spriecherin vun der Police no, géifen éischt Indice op en terroristescht Motiv hindeiten. Déi schwedesch Police géif den Ament och a Kontakt mam Geheimdéngscht stoen.

Vetlanda läit ronn 270 Kilometer vu Stockholm ewech. De schwedesche Ministerpresident Löfven huet d’Dot verurteelt.