© SPACEX/AFP/Jose ROMERO
D'Rakéit ass zwar erfollegräich gelant, mee ass kuerz duerno aus nach onbekannte Grënn explodéiert.
No engem weideren Testfluch vun der privater Raumfaart-Entreprise SpaceX ass eng onbemannte Rakéit nëmme kuerz no hirer Landung explodéiert. De Grond dofir ass nach net bekannt.
Bei zwee fréieren Tester am Dezember an am Februar hat d’Landung och net geklappt. Eemol ass de Prototyp explodéiert, déi aner Kéier ass d‘Rakéit ongebremst erofgefall.
D’Rakéit "Starship" soll nom Wëlle vum SpaceX-Grënner Elon Musk enges Dages, Mënschen a Fracht op de Mound an op de Mars bréngen.