© Eldoradio
De Chauffer vun engem schwaarzen Jeep hat sech no engem Accident am Rond-Point "Antoniushaff" duerch d'Bascht gemaach.
Um 09h00 de Freide Moie war et am Rond-Point "Antoniushaff" op der N12 tëscht Aasselbuer a Wëntger zu engem Accident mat Materialschued komm. De Chauffer deen den Accident verursaacht hat, war nom Accident fortgefuer. Hie war mat engem grousse schwaarzen Jeep ënnerwee. Wien an dësem Zesummenhang eppes gesinn huet, ass gebieden sech beim Policekommissariat vun Ëlwen ze mellen. Dëst ënnert der Telefonsnummer 244 87 1000 oder iwwer d'Mailadress police.troisvierges@police.etat.lu.