© Christof STACHE / AFP
Studenten a Leit, déi aus beruffleche Grënn verreese mussen, kënne weiderhi Bonge fir Gratis-Tester kréien.
Vum 5. Abrëll un wäerte Leit, déi an d'Vakanz reese wëllen, sech kee Rendezvous méi fir e gratis Corona-Test, op myGuichet huele kënnen. Dat huet de Gesondheetsministère de Freideg an engem Communiqué matgedeelt. Studenten, déi en negativen Test fir op hir Uni ze reese brauchen, kënnen e Bong vun der ACEL kréien. Mat dësem kënnen si sech gratis op enger vun den Test-Statiounen teste loossen. Och Leit, déi aus beruffleche Grënn verreese mussen, kënnen e Bong fir e gratis Test kréien. Dëst iwwert d'Chambre du Commerce. Leit déi aus anere Grënn verreesen, wäerten sech fir en Test un ee vun de private Laboe riichten, an do fir hiren Test bezuele mussen.
Liest hei de Communiqué vum Ministère:
|