© Screenshot Youtube.com
Am Kader vun der Wanteraktioun kënne Leit, déi keen doheem hunn, an enger multifunktioneller Struktur um Findel ënnerkommen.
D'Wanteraktioun gëtt wéinst der aktueller sanitärer Situatioun bis den 30. Juni verlängert. Dat deelen de Familljeministère an d'ASBL Dräieck, mat där de Ministère d'Wanteraktioun zesummen organiséiert, de Freideg an engem Communiqué mat. Am Kader vun dëser Aktioun, kënne Leit, déi keen Doheem hunn an enger multifunktioneller Struktur um Findel ënnerkommen. An Dëser steet hinnen e gratis medezinesche Service zur Verfügung. Ausserdeem kënne Leit, bei deenen de Verdacht vun enger Infektioun mam Covid-19 besteet, getrennt vun deenen anere Sans-abrien ënnerbruecht ginn, bis si hir d'Testresultat kruten.
Liest hei de Communiqué mat all den Detailer:
|