© Eldoradio
Zu Diddeleng hat d'Police 4 Männer am Unhänger vun engem Camion fonnt.
De Freide Moien hat d'Police 4 Flüchtlingen an engem Camion entdeckt. E Camionschauffer, dee mat sengem Camion um Multimodal-Terminal zu Diddeleng stoung hat d'Police geruff nodeems hie verdächteg Geräischer aus dem Unhänger vu sengem Camion héieren hat. Wéi d'Beamten den Unhänger duerchsicht hunn, hunn si 4 Männer ugetraff. Dës haten d'Plan vum Unhänger opgeschnidde fir esou an den Unhänger eranzekommen. Géigeniwwer de Beamten hunn si ausgesot, dass si aus Eritrea komme géifen an an England reese wéilten. Déi responsabel Eenheet vun der Police huet d'Ermëttlungen opgeholl an d'Männer bei déi zoustänneg Sektioun vum Ausseministère bruecht.