E Freideg huet d'Police op enger Pressekonferenz de Bilan vun de Verstéiss am Joer 2020 gezunn.

2020 huet d'Police eppes méi wéi 40.000 Infraktioune gezielt. Dat sinn der 3,5 Prozent méi wéi nach 2019. Dat soten déi Responsabel vun der Police e Freideg de Mëtten op enger Pressekonferenz.

Déi meescht Infraktioune goufen zejoert an der Kategorie vun den "Infraktioune géigeniwwer Géigestänn" gezielt. 55 Prozent vun den Infraktioune sinn ënnert dës Kategorie gefall. Bei de meeschten Infraktiounen aus dëser Kategorie huet et sech ëm Déifställ gehandelt. Déi einfach Déifställ, d'Déifställ an de Butteker, d'Déifställ déi an de Famillje begaange goufen an d'Täschen-Déifställ hunn zesumme ronn e Véierel vun den Infraktiounen aus dëser Kategorie ausgemaach.

2020 goufen dann 8 Iwwerfäll gezielt, bei deenen eng Waff am Spill war. Dat waren Iwwerfäll op Butteker a Commercen. Et gouf iwwerdeems zënter e puer Joer keen erfollegräichen Iwwerfall méi op eng Bank oder ee Geldtransporter.

D'Lescht Joer goufen am Verglach mat 2019 363 méi Déifställ am Zesummenhang mat Gefierer gezielt. Meeschtens goufen hei Saachen, déi am Auto loungen, geklaut.

Wat d'Abréch betrëfft, do gouf d'lescht Joer am meeschten a bewunnten Haiser agebrach. Allerdéngs war d'Zuel vun dësen Abréch zejoert 23 Prozent méi niddereg wéi 2019.

Bei den Infraktiounen zum Nodeel vu Persounen, ass d'Zuel vun de Kierperverletzunge relativ stabel bliwwen. Zejoert hat d'Police 2.829 Kierperverletzunge registréiert. 2019 waren et der 2.800.

Bei der haislecher Gewalt gouf et allerdéngs eng liicht Hausse vun den Zuelen. D'Zuel vun de Fäll an deenen eng Persoun aus hirem Doheem erausgehäit gouf, ass vun 2019 op 2020, vun 265 op 278 gewuess. Bei der Unzuel vun den Interventiounen, bei deenen et wéinst haislecher Gewalt koum, war et eng Hausse vun 849 op 943.

Och bei de Verstéiss bei deenen et ëm Droge goung, sinn d'Zuele geklommen. Zejoert goufen 381 méi Drogen-Affären op de Geriichter gezielt wéi nach 2019.

Am Ganzen huet d'Police zejoert 83 Kilogramm Marihuana, 3,5 Kilogramm Haschisch, 1,1 Kilogramm Heroin, 10 Kilogramm Kokain a 40.000 Extasy-Pëllen, séchergestallt a confisquéiert.