40 Regierungs- a Staatscheffen aus der ganzer Welt goufe vum US-President Joe Biden op de Sommet Enn Abrëll invitéiert.

De Sommet soll digital ofgehalen a live iwwerdroe ginn, esou dass d'Ëffentlechkeet alles matsuivéiere kann, dat deelt d'Wäisst Haus mat.

Ënnert den Invitéen ass ënner anerem d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, wéi och de russesche President Wladimir Putin an de chineesesche Staatschef Xi Jingping.

Um Sommet sollen dréngend noutwendeg Mesure fir de Klimaschutz beschwat ginn. Iwwerdeems wéilt een och déi wirtschaftlech Virdeeler am Zesummenhang vum Klimaschutz betounen.