© POOL/AFP/Ludovic MARIN
A Frankräich ass Zuel vun de Covid-Patienten op den Intensivstatiounen esou héich wéi nach ni zënter dem Joresufank.
Wéinst der schwiereger Situatioun an de Klinicke wier et wuel néideg weider Restriktioune géint de Covid-19 ze ënnerhuelen, dat sot de President Emmanuel Macron.
D'Zuele klammen am Moment immens staark a Frankräich. Um Freideg Owend goufe bal 42'000 Neiinfektioune gemellt, d'lescht Woch louch den Duerchschnëtt do dogéint nëmme bei 35'000 Neiinfektiounen.