© AFP/Manolis Lagoutaris
Nodeems d'Autoritéite schonn Nopeschlänner wéi Bosnien a Nordmazedonien Impf-Rendezvousen ugebueden hunn, sinn si lo nach e weidere Schrëtt gaangen.
Als éischt europäescht Land huet Serbien lo ugefaangen och Asyldemandeure géint de Coronavirus ze impfen.
Um Freideg Owend kruten an der Géigend vu Belgrad an engem Flüchtlingslager éischt Flüchtlingen eng Sprëtz mat AstraZeneca.
Eng Vertriederin vum UN-Flüchtlingshëllefswierk huet dëse Schrëtt gelueft a betount, dass dëst e "ganz besonneschen Dag" wier.
Doduerch, dass a Serbien de russeschen, wéi och de chineeseschen Impfstoff zougelooss sinn, ass et hinne am Moment méiglech immens séier vill Leit ze impfen.