D'Weltgesondheetsorganisatioun rifft räich Länner dozou op, en Deel vun hiren Impfstoffer u méi aarm Länner ze spenden.

WHO betount, dass an 20 Länner op der Welt nach ëmmer keen eenzegen Impfstoff geliwwert gouf. Dowéinst hunn si elo e Spendenopruff gemaach. Et géif hei am Ganzen ëm 10 Milliounen Impfdosisse goen.

D'Initiativ COVAX, déi sech fir eng gerecht Verdeelung vum Impfstoff an der Welt asetzt an sech em d'Liwwerungen an de méi aarme Länner këmmeren, wier prett fir Impfdosissen ze liwweren, ma et géife keng fir si zur Verfügung stoen.