An der däitscher Haaptstad Berlin huet en 81 Joer alen Automobilist 2 Kanner vu 7 an 9 Joer ugestouss a schwéier blesséiert.

Zu Berlin an Däitschland huet en 81 Joer alen Automobilist 2 Kanner ugestouss a si dobäi schwéier blesséiert. Wéi d'Police matgedeelt huet, wollte béid Meedercher am Alter vu 7 an 9 Joer um Freidegnomëtteg a Begleedung vun hirem 8 Joer jonke Brudder iwwert d'Strooss goen.

De Brudder konnt mat engem Schratt no hannen sech virum Impakt retten. Seng béid Geschwëster goufe beim Accident schwéier blesséiert an an d'Spidol bruecht. Op den 81-järege Mann d'Kanner iwwersinn hat bleift ze klären. D'Enquête leeft.

Zu Berlin kënnt et ëmmer méi heefeg zu Verkéiersaccidenter mat Senioren. D'Zuel vun den Accidenter an der Haaptstad an deene Senioren a Seniorinnen dra verwéckelt sinn ass par Rapport zu leschtem Joer ëm 13% an d'Luucht gaangen. Am Ganze waren der Police no 17.512 eeler Mënschen un Accidenter bedeelegt wouvun 1.530 blesséiert an 21 ëm d'Liewe komm sinn.