© Eldoradio
E Samschdeg mellt d'Santé 290 Neiinfektioune bei 12.054 Tester. Et ass keng weider Persoun um Virus gestuerwen.
290 Neiinfektioune bei 12.054 Tester. Dat ass de Bilan vun den Neiinfektioune mam Coronavirus, deen d'Santé e Samschdeg matgedeelt huet.
Iwwerdeems ass keng weider Persoun am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen. D'Zuel vun den Doudesaffer bleift domat bei 738.
Aktuell leien 124 Persoune wéinst dem Covid-19 am Spidol, dovunner 21 op der Intensivstatioun.
E Freideg waren et 260 Neiinfektioune bei 11.569 Tester.
Am Ganze krute bis ewell 82.653 Persounen zu Lëtzebuerg déi éischt oder zweet Dosis vum Vaccin géint de Covid-19.