© AFP/John MACDOUGALL
E Samschdeg Owend um 20.30 Auer huet et weltwäit geheescht: Luucht eng Stonn ausmaache fir de Klimaschutz. Vill grouss Stied weltwäit hu sech bedeelegt.
E Samschdeg Owend um 20:30 Auer war Earth Hour. D'Ëmweltschutzorganisatioun WWF fuerdert zënter 15 Joer d'Bierger weltwäit dozou op, eng Stonn laang d'Luuchten auszemaachen an zesummen un d'Erhale vun eisem Planéit ze denken.
All Joer maachen och vill Stied weltwäit mat. Ënnert anerem d'Brandenburger Tor zu Berlin, den Eiffeltuerm zu Paräis an de Sëtz vun der EU-Kommissioun zu Bréissel waren am Däischteren.
Och zu Lëtzebuerg haten Organisatiounen dozou opgeruff, sech un der Earth Hour ze bedeelegen, ënnert anerem d'Naturparken Our an Uewersauer.
Och am Eldo-Studio war e Samschdeg den Owend eng Stonn laang d'Luucht aus wärend der Saturday Night Life! De Video fannt dir op eiser Facebook-Säit.
Mat der Earth Hour soll en Zeeche fir Klima- an Ëmweltschutz gesat ginn. D'Däischtert soll op de Ressourcëverbrauch vun de Mënschen hiweisen a si zum Nodenke bréngen.
Den Eiffeltuerm virun der Earth Hour. / © AFP/Stéphane DE SAKUTIN
Den Eiffeltuerm während der Earth Hour. / © AFP/Stéphane DE SAKUTIN
An eisem Nopeschland Däitschland huet de WWF souguer eng Rekordbedeelegung gemellt. Deemno hu sech 575 Stied a Gemengen un der Aktioun bedeelegt. Am Däischtere waren deemno d'Schloss Neuschwanstein, de Kölner Dom an de Fussballstadion zu Mönchengladbach.
De WWF rifft d'Leit an d'Politik awer dozou op, och baussent der Earth Hour klimafrëndlech ze handelen a Mesuren op de Wee ze brénge fir eng nohalteg Zukunft.