De Gerson Rodrigues huet den entscheedende Gol geschoss. / © POOL/AFP/CLODAGH KILCOYNE
E Samschdeg Owend huet Lëtzebuerg sech am éischte Match vun der WM-Qualifikatioun géint Irland duerchgesat. De Gol ass an der 86. Minutt gefall.
De Gerson Rodrigues huet den 1:0 an der 86. Minutt geschoss.
Um Enn huet Lëtzebuerg sech mat dësem Score géint d'Iren duerchgesat a kritt domat 3 Punkten an der Tabell vun der WM-Qualifikatioun.
Ënnert anerem de Premierminister Xavier Bettel huet via Twitter felicitéiert.
Lëtzebuerg ass am Grupp A mat Serbien, Portugal, Irland an Aserbaidschan.
Serbien a Portugal hunn zwee Matcher gespillt a leie mat 4 Punkte vir an der Tabell. Lëtzebuerg ass deemno op der drëtter Plaz.
Den nächste Match vun der WM-Qualifikatioun fir Lëtzebuerg ass den 30. Mäerz um 20.45 Auer, dat géint Portugal.