© Satellite image ©2021 Maxar Technologies/AFP/-
Zënter Deeg blockéiert e risege Frachter de Passage duerch de Suez-Kanal. Honnerte Schëffer stinn hannendrun am Stau, ënnert anerem mat Déieren u Bord.
Zënter en Dënschdeg blockéiert déi riseg "Evergreen" de wichtege Suez-Kanal. Wärend Experten op déi richteg Konditiounen an technesch Ënnerstëtzung waarden, fir d'Schëff erauszezéien, maachen Déiereschützer sech Suergen.
Deemno géifen 11 rumänesch Frachtschëffer mat liewegen Déieren am "Stau" hannert dem Suez-Kanal stoen. Et wieren ca. 130.000 Schof betraff.
Schëff-Stau virum Suez-Kanal. / © AFP/Mahmoud KHALED
Et wier scho Kontakt mat den Transportfirmen opgeholl ginn. Dës hätte verséchert, datt och fir déi nächst Deeg genuch Iessen a Gedrénks u Bord wier. Wann d'Blockade awer nach géif daueren, misst ee sech aner Optiounen iwwerleeën, esou veterinär Autoritéiten.
Déiereschützer maache sech suergen, datt d'Blockade zum Dout vun de Schof u Bord kéint féieren. D'Organisatioun Animals Internationals fuerdert vu Rumänien, den Export vu liewegen Déieren ze stoppen a just nach Fleesch ze exportéieren.
Zënter en Dënschdeg blockéiert d'Evergreen de Passage am Suez-Kanal. Experten no kéinten d'Konditiounen no dësem Weekend gutt genuch sinn, fir de risege Frachter vun der Plaz ze kréien.