© Fabrice COFFRINI / AFP
An Italien hunn zwee Déiwen engem Autoschauffer seng Rolex-Auer geklaut. Doropshin huet de Chauffeur déi zwee Onéierlech op hirer Flucht iwwerfuer.
A Süditalien koum et e Samschdeg zu engem déidleche Virfall.
Zwee Déiwe si mat hirem Motoroller engem Autoschauffer ëmmer méi no komm an hunn him du mat enger Waff gedréit. Doropshin huet hie seng deier Auer erausginn. Wéi d'Déiwe sech wollten duerch d'Bascht maachen, huet de Besëtzer vun der Auer d'Verfollgung opgeholl. Dobäi sinn déi zwee Déiwen gefall an den Autoschauffer huet si iwwerfuer. Déi zwee waren op der Plaz dout, esou italienesch Medien.
Nom Virfall huet de Chauffeur sech selwer bei der Police gestallt. Zeie sollen de Virfall confirméiert hunn. Déi zwee presuméiert Déiwe solle bekannt Krimineller mat enger Rei Virstrofe sinn.