Fir d’Touriste wäert et nach bis de 15. Abrëll net méiglech sinn iwwer d’Grenz tëscht Spuenien a Portugal ze kommen.

Portugal huet streng Reegele wat d’Grenzen ugeet verlängert. Esou bleift d’Grenz mat Spuenien fir d’Touristen nach bis de 15. Abrëll zou. Dat huet déi portugisesch Regierung matgedeelt. Dës Moossnam gouf am Januar ëmgesat wéi a Portugal d’Zuel vun de Corona-Infektioune ganz héich war.

Zesumme mat Spuenien gouf also decidéiert dass d’Kontrollen un de Grenze bestoe bleiwen. Den Zuchtrafic ass och nach ëmmer annuléiert. Dës Moossname gëllen awer net fir den Transport vu Gidder, fir Frontalieren a fir den Noutdéngscht.