Dem däitsche RTL no hätt en däitschen Dokter dovu profitéiert dass de Moment d’Testzenteren op Mallorca iwwerfëllt sinn.

Wien no senger Vakanz op Mallorca nees an Däitschland reese wëll, muss en negative Corona-Test virweise kënnen. Wann dat net de Fall ass, muss ee ronn zwou Wochen an engem Quarantän-Hotel op der Insel bleiwen. D’Testzentere op der Insel sinn awer de Moment iwwerfëllt.

E Reporter vum däitsche RTL huet an deem Kader erausfonnt dass en däitschen Dokter falsch negativ Corona-Tester ausgestallt a verkaf huet ouni d’Patienten iwwerhaapt ze testen. D'Tester sollen tëscht 90 an 150 Euro kaschten. Dës fir dass d’Leit ouni Probleem zeréck an Däitschland fléie kënnen ouni sécher ze sinn ob dës infizéiert sinn oder net.