An Holland huet d'Police missen en Auto stoppe well e 15-järege Jong um Steier souz.

Wéi déi hollännesch Police mellt huet e Mann säi 15-järegen Neveu mat sengem Auto op enger Autobunn fuere gelooss. Wärend der Faart huet de Mann dunn d’Plaz mam Jong getosch. Op enger Kamera haten d’Polizisten awer gesinn dass de Jugendleche gefuer war. Wéi si den Auto gestoppt hunn war awer nees de Mann um Steier. Dësen hat behaapt dass just hie gefuer war. Déi hollännesch Police huet dunn ënnerstrach dass et geféierlech an eng "Dommheet" wier bei 100 Km/H d’Chauffersplaz ze wiesselen. De Mann muss sech elo viru Geriicht veräntwerten.