A Portugal ginn e Méindeg d’Muséeën, verschidde Schoulen an d’Terrasse vun de Caféen nees op.

Iwwer 2 Méint no der Fermeture ginn d’Terrasse vun de Caféen an d’Muséeën a Portugal nees op. Dëst am Kader vun der zweeter Etapp vum progressiven Deconfinement. D’Collège-Schoule sollen e Méindeg hir Dieren nees opmaachen nodeems de 15. Mäerz d’Primärschoulkanner an d’Schoul gaange sinn.

All déi Secteuren déi opmaachen dierfen, musse streng sanitär Reegele befollegen. 4 Persoune pro Dësch wäerten erlaabt sinn an an de Schoule wäerte keng Sportscoursë gehale ginn. Fir d’Sécherheet an de Schoulen ze garantéiere setzt déi portugisesch Regierung op Tester an op d’Impfungen, virun allem vum Léierpersonal.

Vum 19. Abrëll un dierfen eventuell d’Lycéeën, d’Unien an d’Theateren hir Dieren opmaachen. Fir d’Ouverture vun de Restaurante muss ee bis Ufank Mee waarden.

D’Reegele wat d’Grenzen an d’Reesrestriktiounen ugeet bleiwen awer nach bestoen.