A senger Ouschterpriedegt huet de Poopst en Opruff un eng fair Verdeelung vum Corona-Impfstoff gemaach an d'Wichtegkeet vun der Impfung ënnerstrach.

De Poopst Franziskus huet a senger Ouschterpriedegt zu enger fairer Verdeelung vum Corona-Impfstoff opgeruff.

D'international Communautéit misst zesummen d'Retarde bei der Impfstoffversuergung iwwerwannen a besonnesch d'Verdeelung an den äermste Länner undreiwen, esou de Poopst um Ouschtersonndeg.

Donieft huet de Poopst betount, datt d'Impfcampagnen e wichtegt Instrument am Kampf géint Pandemie sinn.

Scho lescht Joer hat de Pontifex an enger Ried virum UN-Sommet un déi räich Natiounen appelléiert. Aktuell hëlt d'Vitesse vun den Impfcampagnen a ville räiche Länner op wärend aarm Länner net virukommen.