En nawell ellene Rekord gouf an Indien enregistréiert. Bannent 24 Stonne goufen 103.558 Neiinfektioune mam Coronavirus vun den Autoritéite gemellt.

An Indien koum et zu enger neier Rekordzuel bei den Neiinfektioune mam Coronavirus. Fir d'éischte Kéier zënter Ufank vun der Pandemie si bannent engem Dag méi wéi 100.000 Neiinfektiounen enregistréiert ginn.

Dem Gesondheetsministère no beleeft d'Zuel sech op 103.558 Neiinfektiounen. Däitlech iwwert dem Rekord vu 97.894 am leschte September. D'Zuel vun den Doudesaffer ass ëm 478 op am Ganzen 165.101 geklommen.