Nodeems e Reportage op der franséischer Télé fir vill Rumouer gesuergt huet, gouf eng Enquête an d'Weeër geleet déi och Ministeren an d'Viséier hëlt.

De franséische Parquet huet Ermëttlungen an d'Weeër geleet wou Ministere verdächtegt ginn a geheime Restaurants zu Paräis giess ze hunn. Et geet em méiglech Infraktioune wéi net deklaréierter Aarbecht an eng "Mise en danger" vun der Gesondheet. Donieft gëtt versicht d'Organisateure vun den Iessen z'identifizéieren esou d'Paräisser Autoritéiten.

Um franséische Sender M6 gouf um Ouschterweekend e Reportage diffuséiert wou eng anonym Persoun Aussoe gemaach huet, datt hie bei 2 oder 3 Iessen a Restaurants mat Ministere giess huet. Rapporten no soll de Mann no der Sendung seng Aussoen zeréckgezunn hunn.

De Parquet huet matgedeelt, datt an dësem Fall weider ermëttelt gëtt. Restaurants sinn den Ament a Frankräich zënter Oktober zou fir d'Pandemie am Grëff ze halen.

De Regierungsspriecher Gabriel Attal huet donieft um Sonndeg op der Télé LCI gesot, datt d'Autoritéite Rapporten iwwer heemlech Partyen a Restaurants zënter Méint géingen ënnersichen. 200 Verdächteger wiere bis ewell identifizéiert ginn esou den Attal.