Vun en Dënschdeg u kënnen d’Terrassen opmaachen, bis zu 10 Leit kënnen sech dobausse mateneen treffen an och Kinoen an Theatere kënnen opmaachen.

Am Saarland fänkt um Dënschdeg de sou genannte „Corona-Modellversuch“ mat enger Testflicht fir Lackerungen un.

Vun en Dënschdeg u kënnen deemno d’Terrassen am Saarland opmaachen, d’Clienteë mussen awer am Viraus reservéieren an hir Kontakter musse kënne retracéiert ginn. Ausserdeem dierfen sech dobausse bis zu 10 Leit mat negativem Coronatest mateneen treffen. Och Kinoen an Theatere kënne mat negativem Test opmaachen.

D’Saarland gouf scho bei der Ukënnegung vun dësem Modell vun anere Bundeslänner hefteg kritiséiert.

Bei héijen Inzidenzwäerter sollen d'Ouvertureschrëtt nees réckgängeg gemaach ginn, esou heescht et.