De fréieren Hollywood-Produzent war d'lescht Joer wéinst e puer Sexualverbriechen zu 23 Joer Prisong verurteelt ginn.

De Filmproduzent Harvey Weinstein geet méi wéi 1 Joer no senger Verurteelung wéinst Sexualverbriechen an Appell. Seng Affekote hu matgedeelt dem Weinstein wier ee faire Prozess refuséiert ginn. D’Strofmooss wier ze haart an iwwerdriwwe gewiescht. De Weinstein war wéinst Vergewaltegung a sexuell Belästegung zu 23 Joer Prisong verurteelt ginn.