Deem säi Virgoen hätt a kenger Weis de Richtlinnen, der Ausbildung oder der Ethik vun der Police entsprach, esou de Policechef.

Am Prozess ëm den Doud vum Afroamerikaner George Floyd huet de Policechef vu Minneapolis, den ugekloten Ex-Polizist schwéier belaascht. Deem säi Virgoen hätt a kenger Weis de Richtlinnen, der Ausbildung oder der Ethik vun der Police entsprach, esou de Policechef. Den Ugekloten hätt säi Knéi net weider um Hals vum Floyd drécken dierfen, spéitstens, wéi dëse kee Widderstand méi geleescht a seng Nout verbaliséiert huet.

Den George Floyd war de 25. Mee 2020 zu Minneapolis bei enger brutaler Festnam ëm d'Liewe komm. No sengem Doud gouf et méintelaang Masseprotester géint Policegewalt a Rassismus. Videoen hunn dat brutaalt Virgoe vun de Beamte géint den net arméierte Floyd dokumentéiert.