Déi däitsch Regierung hofft, dass et elo mat der Méiglechkeet sech och beim Hausdokter impfen ze loossen, méi séier mat den Impfunge virugeet.

An Däitschland kënnen d’Leit sech vun en Dënschdeg un och bei hirem Hausdokter géint de Coronavirus impfe loossen. Bis ewe ll waren d’Impfungen gréisstendeels an den Impf-Zentere méiglech. Déi däitsch Regierung hofft, dass et elo mat der Méiglechkeet sech och beim Hausdokter impfen ze loossen, méi séier mat den Impfunge virugeet. Allerdéngs stéing fir d’Doktere de Moment nach nëmme wéineg Impfstoff zur Verfügung stoen, esou heescht et.