Am Message vum Grand-Duc an der Grand-Duchesse heescht et, dass si der Koppel alles Guddes wënschen.

Um Dënschdegmueren hunn de Grand-Duc an d'Grand-Duchesse via Communiqué a soziale Medie matgedeelt, dass hire Bouf de Prënz Louis sech mam Scarlett-Lauren Sirgue verloobt huet. D'Prënze Gabriel an Noah freeën sech mat hinnen.

D'Verloobte vum Prënz, d'Scarlett-Lauren Sirgue ass 29 Joer al an Affekotin aus Frankräich.